Responsabel Expeditioun Mérite Jeunesse




Description

Contenus

Bei dëser Weiderbildung handelt et sech ëm den zweeten, ganz spezifeschen Deel vun der Grondausbildung vum Mérite Jeunesse (non-formal Bildungsstruktur).

Nom Ofschloss vun dësem zweeten Deel dierf een déi jonk Participanten duerch den Volet Expeditioun vum Jugendprogramm begleeden.

D'Roll vum Responsabel Expeditioun ass et dës Aktivitéit zesumme mat deene Jonken ze plangen an se drop virzebereeden. Mä och wärend der Expeditioun ass de Responsabelen an der Géigend an trefft sech op mannst eemol den Dag mat den Participante fir ze kucken, ob et jidderengem gutt geet, ob se am Team funktionéieren, ob se gutt an der Zäit sinn, asw. No der Expeditioun mécht en een Debriefing mat deene Jonken an kuckt hire Rapport.

Méthodes

* Theorie

* Praxisbezunnen Übungen

* Reflexioun a Gruppenaarbeschten

- Diskussioun an Erfahrungsaustausch



Objectives

Wëssen: Et léiert een d'Philosophie, d'Prinzippie an d'Grondsätz vum Volet Expeditioun kennen, souwéi déi verschidden définéiert Erwuessenerollen.


Fäegkeeten: Et léiert een eng Expeditioun gemeinsam mat de Jonken ze plangen, an si geziilt op dës Aktivitéit vun 2 bis 4 Deeg am Fräie virzebereeden. Och d'Superviséiere wärend der Expeditioun souwéi d'Nobereedung ginn an der Formatioun behandelt.


Haltung: Eng konstruktiv a wärtschätzend Kommunikatioun tëscht al de Bedeelegte soll gefleegt ginn.


Information complémentaire

Dës Formatioun baut op der Formatioun "Tuteur Mérite Jeunesse" op an et kann een sech erréicht umellen, wann een deen deel ofgeschloss huet.

Public cible

Personnel éducatif

Priority Area

Management et cadre réglementaire

Catégorie

Non-spécifique

  • Sur demande
  • Jugendclub 12+
  • Luxembourgeois/Luxemburgisch
  • ENF23-Caritas-142