Tuteur Mérite Jeunesse




Description

Contenus

Net alles, wat een am Liewe bräuch, léiert een an der Schoul. Jonker brauchen och Erfarungen ausserhalb vum Klassesall fir responsabel, engagéiert an zefridde Matbierger ze ginn.

Als non-formal Bildungsstruktur, kann de Mérite Jeunesse eng wichteg Roll spille fir deene Jonke Méiglechkeeten ze bidden, wichteg Kompetenzen ze léieren, hir Chancen um Aarbeschtsmarché ze verbesseren, hir Kreativitéit ze fërderen an hirt Wuelbefannen ze verbesseren.

Beim Mérite Jeunesse matzemaachen, bedeit matzewierken beim weltwäit gréisste Jugendprogramm (The Duke of Edinburgh's International Award). Dëse weltwäit unerkannte Programm ass ee perséinlechen Challenge a kann un den Interessi vun all Jonkem ugepasst ginn. Et ass ee balancéierte Programm, dee komplett fräiwëlleg ass an d'Entwécklung vun de Jonke fuerdert.

D'Roll vum Tuteur ass et d'Participanten z'encadréieren an ze motivéieren, Sie stinn am direkte Kontakt mam Participant a sinn do fir si z'ënnerstëtzen a realistesch Ziler festzesetzen.

Public cible

D'Formatioune vum Mérite Jeunesse riichte sech u Leit aus dem Enseignement, Educateuren an all Erwuessenen, dee mat Jonke schafft. Et kann een aus enger Schoul oder Organisatioun sinn, déi ee Partenariat mam Mérite Jeunesse ofgeschloss huet, oder genau heirunner interesséiert wier.

Méthodes

  • Theorie
  • Praxisbezunnen Übungen
  • Reflexioun a Gruppenaarbechten
  • Diskussioun an Erfarungsaustausch

Objectives

Wëssen: Et léiert een d'Philosophie, d'Prinzippie, souwéi d'Grondsätz vum Programm kennen.

Fäegkeeten: Et léiert een déi Jonk wärend hirer Participatioun um Programm ze beroden, ze begleeden an z'ënnerstëtzen. Dëst a 4 verschidde Beräicher vum Mérite Jeunesse (Benevolat, Talent, Sport an Expeditioun).

Haltung: Eng konstruktiv a wäertschätzend Kommunikatioun tëscht all de Bedeelegte soll gefleegt ginn.

Information complémentaire

Falls een och wëll déi Jugendlech beim Volet Expeditioun begleeden, muss een nach zousätzlech d'Formatioun zum Sujet Expeditioun ofschléissen.

Priority Area

Management et cadre réglementaire

  • Sur demande
  • Jugendclub 12+
  • Luxembourgeois/Luxemburgisch
  • ENF23-Caritas-141