Tuteur Mérite Jeunesse
Description
Contenus
Nët alles, wat een am Liewe bräuch, léiert een an der Schoul. Jonker brauchen och Erfarungen ausserhalb vum Klassesall fir responsabel, engagéiert am zefridde Matbierger ze ginn.
Als non-formal Bildungsstruktur, kann den Mérite Jeunesse eng wichteg Roll spille fir deene Jonke Méiglechkeeten ze bidden, wichteg Kompetenzen ze léieren, hir Chancen um Aarbeschtsmarché ze verbesseren, hir Kreativitéit ze fërderen an hirt Wuelbefannen ze verbesseren.
Beim Mérite Jeunesse matzemaachen, bedeit matzewierken beim weltwäit gréisste Jugendprogramm (The Duke of Edinburgh's International Award). Dëse weltwäit unerkannte Programm ass ee perséinlechen Challenge a kann un den Interessi vun all Jonkem ugepasst ginn. Et ass ee balancéierte Programm, dee komplett fräiwëlleg ass an d'Entwécklung vun de Jonke fuerdert.
D'Roll vum Tuteur ass et d'Participanten z'encadréieren an ze motivéieren, Sie stinn am direkte Kontakt mam Participant a sinn do fir si z'ënnerstëtzen a realistesch Ziler festzesetzen.
Public cible
D'Formatioune vum Mérite Jeunesse riichte sech u Leit aus dem Ensignement, Educateuren an all Erwuessenen, dee mat Jonke schafft. Et kann een aus enger Schoul oder Organisatioun sinn, déi ee Partenariat mam Mérite Jeunesse ofgeschloss huet, oder genau heirunner interesséiert wier.
Méthodes
Théorie
Praxisbezunnen Übungen
Reflexioun a Gruppenaarbeschten
Diskussioun an Erfahrungsaustausch
Objectives
Wëssen: Et léiert een d'Philosophie, d'Prinzippie, souwéi d'Grondsätz vum Programm kennen.
Fäegkeeten: Et léiert een déi Jonk wärend hirer Participatioun um Programm ze beroden, ze begleeden an z'ënnerstëtzen. Dëst a 4 verschidde Beräicher vum Mérite Jeunesse (Benevolat, Talent, Sport an Expeditioun).
Haltung: Eng konstruktiv a wäertschätzend Kommunikatioun tëscht all de Bedeelegte soll gefleegt ginn.
Information complémentaire
Falls een och wëll déi Jugendlech beim Volet Expeditioun begleeden, muss een nach zousätzlech d'Formatioun zum Sujet Expeditioun ofschléissen.
Priority Area
Management et cadre réglementaire
Formatrice: Léa FOUBERT
Diplôme "L'Utilisateur Bureautique"
Compétences:
- Encadrement des stagiaires (éducateurs diplômés et éducateurs gradués) en formation comme patronne de stage,
- Pratique de Ju Jitsu depuis 1995, ceinture noire,
- Responsable de la section « eveil au judo » au Judo Club Esch,
- Secrétaire du JuJitsu Club Belval,
- Pratique régulière de jogging,
- Pratique de Wyng Tjun.
Sessions and planning
-
10/06/2023 09:00:00 - Duration: 8H - Service National de la Jeunesse - Grevenmacher 2A, rue Prince Henri Grevenmacher 6735 Luxembourg